Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi 95 ASCII-Zeechen, déi affichéiert kënne gi, Zwecheraum abegraff:
ASCII (American Standard Code for Information Interchange) ass eng Norm, déi an der Informatik gebraucht gëtt, fir Schrëftzeechen ze codéieren. Et ass déi Norm, déi an der Informatik am beschten bekannt ass.
Si stellt d'amerikanesch Variant vun der Norm ISO/CEI 646 duer. ASCII begräift d'Schrëftzeechen, déi néideg sinn, fir op Englesch ze schreiwen. Dës Norm gouf ausgeschafft vum Amerikaner Bob Bemer am Joer 1961. Si ass d'Grondlag vu villen aneren Normen: (Unicode, ISO 8859-1, Windows-1252), déi dës Norm nach vergréisseren.
L'ASCII définéiert an der Informatik 128 Schrëftzeechen, déi vu 0 bis 127 ginn an nom binäre System vu 0000000 bis 1111111 codéiert sinn. Siwe bit ginn also theoretesch duer, fir e Schrëftzeechen an der ASCII-Norm duerzestellen. Well awer d'Computerën, gewéinlech op aacht bit ausgeriicht sinn, gëtt en d'ASCII-Zeechen an engem octet (8 bit) stockéiert, an den 8. bit op 0 gesat.
Erweiderungen
Cill Normen si vu der ASCII-Tabell ausgaangen, fir zousätzlech Zeechen ze codéieren an hier Zuel vu 127 op 255 ze vergréisseren, z.B.: