|
E Wierk fält an den Domaine public wann et net méi vun den Droits d'auteur protegéiert gëtt. Et ass dëst e Kompromëss tëscht dem net korporelle Propriétéitsrecht vum Auteur u sengem Wierk an den Intérête vun der Allgemengheet (d.h. dem Public - dohier och d'Bezeechnung Domaine public). Genee geholl fale just d'Droits patrimoniaux no enger gewësser Zäit an den Domaine public an net d'Droits moraux. Bäi enger Reproduktioun oder Representatioun vu Wierker am Domaine public muss een also ëmmer nach den Auteur nennen an et däerf een esou e Wierk net an enger Aart a Weis veränneren oder aus dem Kontext rappen, ënnert deer d'Éier oder d'Reputatioun vum Auteur leide kéint. No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer woarde bis datt deem Auteur säi Wierk net méi protegéiert ass. Dëse Prinzip kennt awer eng ganz Rëtsch méi oder manner grouss Ausnamen, an zwar am Fall vu Collaboratiounswierker, audiovisuelle Wierker, anonymen oder pseudonyme Wierker a posthume Wierker. Et däerf een och net vergiessen, datt d'Recht normalerweis just territorial applizéiert gëtt an je no de Länner, esouguer EU-Memberstaaten, d'Regelung vun den Droits d'auteur an domadder och dem Domaine public e wéineg bis zu komplett anescht ka sinn. Wann international Elementer matspille kann et en plus relativ komplizéiert gi fir ze bestëmmen, watfir en nationalt Recht sech den Ëmstänn no schlussendlech op e Wierk applizéiert.
De Prinzip: 70 Joer nom Doud vum AuteurCollaboratiounswierkerAudiovisuell WierkerAnonym Wierker oder pseudonym WierkerPostum WierkerLinkenKuckt ochUm Spaweck |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net