|
Article on other languages:
|
Frankräich (amtlech: République française, Franséisch Republik) ass en demokrateschen, zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa. Frankräich huet Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Italien, Monaco, Spuenien an Andorra. D'Küste vu Frankräich ginn iwwer den Atlantik mam Äermelkanal an d'Mëttelmier. Niewt dem Territoire an Europa huet Frankräich och eng Partie Iwwerséigebidder an der Karibik (ë. a. Saint-Martin), Südamerika (Franséisch Guyana), virun der Küst vun Nordamerika, am Indeschen Ozean an an Ozeanien. Ausserdem erhiewt Frankräich en Usproch op en Deel vun der Antarktis. Frankräich ass och Member vun der EU a vun der NATO.
GeographieInsgesamt huet dat „franséischt Mammeland” an Europa eng Fläch vun 543.965 km². Am franséische Landschaftsbild fënnt ee virun allem Ebenen a kleng Hiwwelen am Norden a Westen. De Rescht ass mat Bierger bedeckt, Haaptbierger sinn d'Pyrenäen am Südwesten, de Massif central an d'Alpen am Südosten. Den héchste Bierg vu Frankräich - an och héchste Bierg vun den Alpen - ass de Mont Blanc (4.808 Meter). Opgrond vu senger Form gëtt Frankräich och l'Hexagone (Sechseck) genannt. Déi mat Ofstand wichtegst a gréisste Stad a Frankräich ass d'Haaptstad Paräis mat ronn 12 Milliounen Awunner an der Agglomeratioun (Regioun Île-de-France). D'Groussräim ëm Marseille, Lille a Lyon hunn och méi wéi eng Millioun Awunner. Grouss Stied
(Awunner Mäerz 2006) Geschicht
Wope vu Frankräich am Ancien Régime.
D'aktuellt Frankräich besteet gréisstendeels aus dem antike Gallien. Den Numm kënnt allerdéngs vun engem germanesche Vollek, de Franken, déi sech op de Lännereie vum Réimesche Räich néiergelooss hun. Eng éischt richteg Dynastie, déi eng Partie Territoire ënnert dem Regnum Francorum vereenegt huet, waren d'Merowinger mam Kinnek Clovis am Joer 486. Ënnert sengen Ierwen gouf d'Frankeräich awer nach dacks opgedeelt, duerch d'merowingesch Ierwschaftspolitik no deër d'Kinnekräich nom Doud vum Kinnek ënnert all de Jongen opgedeelt gëtt. Eng zweet Dynastie, d'Karolinger, konnte sech am 8. Joerhonnert behaapten, an ënnert dem Karel dem Groussen koum et zu engem grousse Keeserräich. No sengem Doud gouf d'Räich alt erëm opgedeelt, an aus der Francia occidentalis gouf dat spéidert Frankräich (d'Francia orientalis gëtt zum heitegen Däitschland). D'Karolinger konnte sech nach bis 987 um franséischen Troun behaapten, ier d'Kapetinger mam Hugues Capet un d'Muecht komm sinn. Nodeems mam Philippe IV. d'Valois um franséischen Troun suzen, si schlussendlech d'Bourbonen mam Henri IV. d'Kinneke vu Frankräich bis zu der Franséischer Revolutioun bliwwen. D'19. Joerhonnert war markéiert duerch verschidde Regimen, no der Convention nationale, dem Directoire an dem Consulat huet sech den Napoleon zum Keeser kréine gelooss. 1815 gouf an der sougenannter Restauratioun d'Monarchie nees agefouert, mee dëse System konnt sech a Frankräich net méi duerchsetzen. No engem Second Empire sinn d'Fransousen nees zu enger Republik iwwergaangen, enger Regierungsform déi sech bis haut, mat der fënnefter Republik, behaapte konnt. PolitikPolitesche SystemFrankräich ass eng zentralistesch organiséiert Demokratie mat engem semi-presidentielle Regierungssystem. An der Konstitutioun vun der V. Republik huet de Staatspresident, dee vum Vollek gewielt gëtt, eng staark Positioun. Hien ernennt de Premierminister an (op Rotschléi vum Premierminister) déi aner Minister, huet vis-à-vis vu Gesetzesvirschléi vum Parlament e Veto-Recht, a kann d'Nationalversammlung opléisen. D'Parlament besteet aus zwou Kummeren, der Nationalversammlung (Assemblée nationale) mat 577 Deputéierten, déi vum Vollek gewielt ginn, an dem indirekt gewielte Senat mat 331 (no der Senatsreform 2010: 346) Memberen. Aktuell politesch SituatiounMomentan stellt d'Partei UMP ënner der Leedung vum fréiere Wirtschafts- an Inneminister Nicolas Sarkozy mat 363 Sëtzer déi absolut Majoritéit an der Nationalversammlung. Den 29. Mee 2005 gouf déi nei EU-Konstitutioun mat 54,87 % Géigestëmme vun der Bevëlkerung ofgeleent. Doropshinn ass d'Regierung ronderëm de Premierminister Jean-Pierre Raffarin, deen zënter 2002 am Amt war, zeréckgetrueden. Als neie Premierminister gouf den Dominique de Villepin agesat. Zënter dem 27. Oktober 2005 koum ët a Frankräich zu Onrouen a Gewalt. Am Ufank war nëmmen d'Paräisser Banlieue betraff, spéider koum ët zu Onrouen a ville Groussstied am Land, wéi zu Lille, Rouen, Nice oder Marseille. Ausléiser war den Doud vun zwee Jugendlecher zu Clichy-sous-Bois bei Paräis, déi sech virun der Police an engem Staarkstroumhaus verstoppe wollten. D'Regierung hat bis zum Januar 2006 den Noutstand ausgeruff, an ët domadder de Prefeten an den Departementer erlaabt, a besonnesch staark betraffene Gebidder Ausgangsspäeren auszeruffen. Ee Mënsch koum bei den Ausernanersetzungen ëm d'Liewen, vill goufe schwéier blesséiert. De 6. Mee 2007 huet den Nicolas Sarkozy, de Presidentschaftskandidat vun der UMP, mat gutt 53% vun de Stëmmen d'Presidentschaftswahl gewonnen. Seng Kontrahentin, d'Sozialistin Ségolène Royal, koum op knapp 47 Prozent. De Sarkozy huet den 16. Mee säin Amt ugetrueden. Baussen- a SécherheetspolitikFrankräich war 1949 Grënnungsmember vum Nordatlantiktraité a krut militäresche Schutz vun den USA. Wéi 1958 den de Gaulle un d'Muecht komm ass, hu sech d'Bezéiungen zu den USA, an zu der NATO, déi vun den USA dominéiert gouf, verännert. Ënner der Leedung vum de Gaulle huet sech Frankräich 1960 zu enger Atommuecht entwéckelt, an hat zënter 1965 mat der Force de Frappe och eng Atomsträitkraaft, déi 50 Fligere mat Atombommen an den Dingscht opgeholl huet. 1968 hat Frankräich schonn 18 Ofschossrampe fir Mëttelstreckerakéiten opgestallt, déi 1970 an 71 Atomsprengkäpp kruten. An de 70er Joren huet Frankräich seng Atommuecht och op d'Mier ausgebreed. Véier Atom-U-Booter hu jeweils 16 atomar Mëttelstreckerakéiten. An der aktueller Baussepolitik beméit sech Frankräich ëm gutt Relatioune mat sengem Noper Däitschland ("Käereuropa") a steet zesumme mat den Däitschen der Virmuechtstellung vun den USA skeptesch géigeniwwer. Duerch dës Skepsis ass Frankräich 1966 aus der militärescher Organisatioun vun der NATO ausgetrueden, mee ass awer am politeschen Deel weiderhinn integréiert bliwwen. Derbäi kënnt och en Engagement nom Enn vun der Kolonialherrschaft an Afrika, wou Frankräich bis haut a ville Länner d'Uerdnungsmuecht bliwwen ass. Frankräich ass ausserdem Member am UNO-Sécherheetsrot mat Vetorecht. D'Doudesstrof gouf a Frankräich 1981 ofgeschaf. Administrativ ËnnerdeelungenFrankräich ass a 26 Regiounen opgedeelt, déi hirersäits nees an 100 Departementer opgespléckt sinn. 22 vun dëse Regioune sinn um europäesche Käerland (France métropolitaine), dorënner och d'Mëttelmierinsel Korsika, déi allerdéngs als Collectivité territoriale e Sonnerstatus huet. Déi aner véier Regioune bestinn aus jeweils nëmmen engem Departement a ginn dohir Départements et régions d'outre-mer (D.R.O.M.) genannt (bis zu der Ännerung vun der Konstitutioun am Joer 2003 Départements d'outre-mer, Ofk. D.O.M.). Am Eenzelnen handelt ët sech heibäi ëm Guadeloupe (971), Martinique (972), Franséisch-Guyana (973) a La Réunion (974). Doniewt gëtt ët
D'D.R.O.M. si wéi dat franséischt Käerland Member vun der EU, fir d'T.O.M. gëllt dat net. Gesetzer aus Frankräich gëllen an den T.O.M. nëmmen, wann dëst ausdrécklech ernimmt gëtt. EconomieTraditionell ass a Frankräich d'Wirtschaftspolitik vu staarke staatlechen Agrëffer beaflosst. Hei spillt virun allem den historesche Merkantilismus - besonnesch de Colbertismus - eng wichteg Roll. Frankräich ass eng sougenannte "Gemëscht Economie", déi an de leschte Joeren ëmmer méi dereguléiert a privatiséiert ginn ass. E staatleche Mindestloun, de SMIC, séchert den Ugestallten e Stonneloun vun 8,03 Euro. Schlësselindustrien, besonnesch d'Energiewirtschaft, sinn ënner staatlecher Kontroll. Frankräich ass e wichtege Produzent vun Atomstroum, Däitschland zielt zu de gréisste Clienten. A Frankräich ginn ca. 80 Prozent vum Elektresch mat Atomkraaftwierker produzéiert. Domadder huet Frankräich niewt Litauen momentan (Ufank 2005) den héchste Prozentsaz un Atomstroumproduktioun op der Welt. Wäin steet opgrond vun de ville Wäibaugebidder op fënnefter Plaz vun de franséischen Exporter: no Autoen, Fligeren, pharamzeutesche Produiten an Elektronik. Och den Tourismus spillt eng grouss Roll. D'Bruttoinlandsprodukt (BIP) ass an der Moyenne vun 1995 bis 2005 ëm 2,1 % pro Joer an d'Luut gaangen, an huet 2005 de Wäert vun 1.689,4 Milliarden Euro erreecht. Am Vergläich mat dem BIP vun der EU kënnt Frankräich op en Index vun 111.4 (EU-25:100) (2003).1 2003 hu 4% an der Land- a Forstwirtschaft souwéi der Fëscherei geschafft, an der Industrie ware 24% beschäftegt, 72% vun de Fransousen hunn am Dingschtleeschtungsberäich geschafft. 2004 loung d'Inflatioun bei 2,1 % an am Januar 2005 hat Frankräich 2.716.000 Arbechtsloser (10%). Déi gréisste Firmen a Frankräich 2003ouni Banken a Versécherungen
DemographieZum 1. Januar 2004 gouf d'Bevëlkerung, inkl. den Iwwerséigebidder, op 61,9 Millioune geschat. No Däitschland steet Frankräich an der EU domadder op der zweeter Plaz, wat d'Bevëlkerungszuel ugeet. An der EU huet Frankräich e Bevëlkerungsundeel vun 13 %. Am Joer 2003 koumen op 792.600 Gebuerten 560.300 Stierffäll, dat entsprécht engem Iwwerschoss vun 232.300 Persounen. 2004 loung d'Gebuerterat bei 1,9. Den 1. Januar 2004 waren 16,2 % vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer, géigeniwwer 14,6 % am Joer 1994. Am selwechten Zäitraum ass den Undeel vun de Leit ënner 20 vu 26,7 % op 25,3 % gefall. 2003 hu sech 280.300 Leit bestued, dat si 6.000 (-2,1 %) manner wéi 2002. Den Duerchschnëttsalter loung bei de Männer bei 30,4 a bei de Frae bei 28,3 Joer. D'Kannerstierflechkeet läit bei 4,29 ‰. Den duerchschnëttleche männleche franséische Staatsbierger huet eng Liewenserwaardung vu 76,7 Joer, d'Frae kommen op 83,8 Joer. EducatiounWéi a bal allen europäesche Staaten gëtt ët a Frankräich eng Bildungspflicht, déi am Géigesaz zu der Schoulpflicht och duerch Hausunterecht ofgeschloss ka ginn. A Frankräich gëtt ët folgend Schoulformen:
Am Kader vun der europawäiter Harmoniséierung vun de Studien (Bologna-Prozess) gëtt och an de franséischen Héichschoulen den LMD-System agefouert. LMD bedeit, datt noenaner d'Licence bzw. Bachelor (no 3 Joer), de Master (no 5 Joer) an en Doktorat (no 8 Jahren) ofgeschloss kënne ginn. Déi national Diplomer falen domadder ewech. SproochenD'Awanderer vu verschiddenen Natiounen, virun allem aus Portugal, Osteuropa, dem Maghreb an allgemeng aus Afrika hunn hir Sprooche matbruecht. D'Zuel vun den Awanderer aus arabesche Länner gëtt op 4,5 Millioune geschat. Am Ënnerscheed zu den traditionelle Sprooche konzentréieren sech dës Sproochgemengen besonnesch an de grousse Stied, mee ët kann een se kengem genaue geographesche Gebitt zouuerdnen. ReliounenFrankräich ass offiziell e laizistesche Staat, dat heescht, Staat a Reliounsgemeinschafte si komplett vunenaner getrennt. Well vu staatlecher Säit keng Daten iwwer d'Reliounszougehéieregkeet vun den Awunner erhuewe ginn, berouen all Informatiounen iwwer eng konfessionell Zesummesetzung vun der Bevëlkerung op Schätzungen oder Informatioune vun de Reliounsgemeinschafte selwer. Dofir si folgend Zuele mat der néideger Virsiicht ze genéissen. Frankräich dréit den Éierentitel, déi eelsten Duechter vun der Kierch ze sinn. 496 huet sech de Kinnek Clovis no enger Victoire géint d'Alemannen an der Schluecht vun Tolbiac zum éischte chrëschtlechen Herrscher vun Europa ernannt, a sech deefe gelooss. 83 % vun de Fransouse si kathoulesch (~ 51 Mio.) an 8 % hunn de moslemesche Glawen (~ 4,8 Mio.). Doniewt gëtt ët protestantesch a jiddesch Minoritéiten, déi knapp 4 % ausmaachen. 5 % hu keng Relioun, d'Tendenz geet an d'Luut. Notizen a Referenzen
Um Spaweck
Memberstate vun der EU
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern Memberstate vun der NATO
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA Kanada - Frankräich - Däitschland - Italien - Japan - Russland - Groussbritannien - USA |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net