|
Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Land grenzt Griicheland u Bulgarien, Republik Mazedonien / (FYROM) an Albanien. Donieft läit Griicheland tëschent dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Ägäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises. D'Hellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. De Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland wor.
GeschichtUn den Ufere vun der Ägäis ass eng vun den éischten europäeschen Zivilisatiounen entstanen, nämlech déi vun de Minoer an d'mykenesch Zivilisatioun. No hierem Ënnergang koumen däischter Joërhonnerten, eng Zäit iwwer déi mer nëmmen ganz wéineg wëssen, éier et ëm 800 v. Chr. nees biergop geet. Et ass d'Zäit vun de griicheschen Stadstaaten, der polis. Kolonien gi ronderëm d'Mëttelmier gegrënnt, an si verteidegen sech couragéiert géint d'Perser. Nom Peloponnesesche Krich gëtt Griicheland vum Philipp II. vu Mazedonien, respektiv vu sengem Jong dem Alexander de Groussen erobert a mir befannen eis am hellenistesche Griicheland. Op militäreschem Plang hat Griicheland allerdéngs wéineg opweises a vun 168 v. Chr. un ginn d'Griiche vun de Réimer eruewert. Allerdengs ass et mat der Kultur genee ëmgedréint gelaf, do huet nämlech déi griichesch d'Réimer erobert. Als Provënz vum Réimesche Räich hat Griicheland weiderhin e staarken Afloss op kulturellem Plang, an nom Fall vum westréimesche Räich huet Griicheland d'ëstlecht oder Byzantinescht Räich mat Konstantinopel weiderhin dominéiert. Nom Fall vu Konstantinopel de 29. Mee 1453, gëtt Griicheland lues awer sécher vum Ottomanesche Räich ageholl. D'Ottomane bleiwen a Griicheland bis an d'19. Joerhonnert. 1821 rebelléieren d'Griichen an erklären hir Onofhängegkeet déi se 1829 akkordéiert kréien. Während dem 19. Joerhonnert huet Griicheland sech duerch eng Rei vu Kricher ëmmer méi vergréissert an seng heiteg Form huet d'Land zënter 1947. Nom Zweete Weltkrich gouf et a Griicheland e Biirgerkrich dee bis 1949 ugehalen huet. 1967 gouf no engem Coup d'état de Régime des Colonels agefouert, deen 1973 d'Monarchie ofgeschaf huet. 1975 gëtt no engem Plebiscite eng demokratesch Republik gegrënnt. 1981 trëtt Griicheland der EU bäi an hëlt 2001 den Euro un. GeographieGriicheland besteet aus engem groussen Deel Festland um südlechen Enn vum Balkan, der Hallefinsel Peloponnes an enger ronn 3000 Inselen, wouvunner der 167 bewunnt sinn. Zu de gréissten Inselen zielen:
Aner vun Touristen villbesicht Inselen an Uertschaften:
Ronn 80% vu Griicheland bestinn aus Hiwwelen a Bierger, an nëmmen op 28% vum ganze Land ka gebaut ginn. De Pindus, déi zentral Biergerketten, ass an der Moyenne 2.650 m héich. De legendären Olymp ass mat sengen 2.917 m den héchste Punkt vum ganze Land. Wat d'Wieder ubelaangt, sou kréien d'Griiche meeschtens mëll an naass Wanteren a waarm an drëche Summeren. Extrem Temperature si seelen, mee ët kënnt emol vir, datt et zu Athen am Wanter schneit. Politik(nach ze maan) Lokal AdministratiounGriicheland ass an 13 Verwaltungsbeziirker (περιφέρειες/peripheries) ënnerdeelt, déi an 51 Präfekturen (νομοί/nomoi) nach ënnerdeelt sin. Liest heizou den Artikel Griichesch Verwaltungsbezierker a Präfekturen. Economie(nach ze maan) DemographieBei der Vollekszielung vun 2001 goufen am Ganze 10.964.020 Griiche gezielt. Vun dëse liewen der 58,8% a Stied, 28,4% um Land. D'Awunnerzuel vun den zwou gréisste griichesche Stied, Athen an Thessaloniki, lung bei bal 4 Milliounen. A Griicheland liewen hautesdaags och eng ganz Partie Immigranten. Ronn 65% kommen aus Albanien, mee et wanderen och Bulgaren, Rumänen, Pakistaner, Polen oder Georgier an. Allerdengs si vun dëse keng reell Zuelen bekannt, well eng grouss Partie illegal agewandert ass. ReliounD'griichesch Constitutioun garantéiert eng absolut Reliounsfräiheet. D'Majoritéit vun den Griiche (98%) sinn orthodox. Griichesch Mosleme gëtt et der kanpps 1,3%, a si wunne gréisstendeels an Thrakien. Donieft gëtt et nach eng ronn 50.000 Katholiken, 30.000 Protestanten a 5000 Judden. Notizen a Referenzen
LinkenKuckt och
Um SpaweckMemberstate vun der EU
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern Memberstate vun der NATO
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net