Informatik

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire


Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Informatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.

Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zënter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.

Inhaltsverzeechnis

Deeldisziplinnen an der Informatik

Traditionell deelt d'Informatik sech a folgend Beräicher op:

Theoretesch Informatik

D'Theoretesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelsten Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:

Praktesch Informatik

D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de softwaresäitege Grondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:

Technesch Informatik

D'Technesch Informatik befaasst sech mat den hardwaresäitege Grondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzelne Bauelementer, sou datt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:

Applizéiert Informatik

D'Applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.

Entwécklung an der Informatik

Pionéier an der Informatik

Referenzen

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.


Giant Panda

Mercedes Car
James Bond Guide
This site monitored by SitePinger.net