|
Article on other languages:
|
D'Internet (Ofkierzung fir Interconnected Networks) déngt der Kommunikatioun an dem Austausch vun Informatioun. Et ass eng weltwäit Verbannung vu verschiddene Computernetzwierker, déi op de verschiddensten Technologië berouen. Dëst Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer mat Hëllef vun enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogent Netz vir. Aus deem Gronn gëtt och dacks vun engem virtuellen Netz geschwat. Iertëmmlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" dacks als Synonym fir de World Wide Web genotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.
Gebuertsstonn vum InternetGebuertsstonn vum Internet geet zréck op 1969, wéi véier amerikanesch Universitéiten (Stanford, Santa Barbara, Los Angeles an Utha) matenee vernetzt goufen. Dëst Netz wor ënnert dem Numm ARPANET bekannt a gouf vun der Advanced Research Projet Agency (ARPA) vum amerikaneschem Verdeedegungsministère ënnerstëtzt. D'ursprénglecht Zil vum Projet stoung am Hannergrond vum Kale Krich, fir ee verdeelte Kommunikatiounssystem opzebauen, dat am Fall vun engem Atomkrich eng Kommunikatioun ouni Stéierungen erlabe géif. D'ARPANET ass séier gewuess a gouf schonns gläich drop an ee militärescht genotzten a wëssenschaftlecht, zivilt genotzte Netz opgedeelt. Nodeems 1983 dunn d'ARPANET op d'TCP/IP Protokollfamill adaptéiert ginn ass, huet lues a lues sech och den Numm Internet duerchgesat. Zënter ufanks den 1990er Joren, huet awer de World Wide Web an déi éischt einfach benotzbar graphesch Webbrowseren dem Internet zu sengem risegem Erfolleg a weltwäiter Verbreedung verhollef. Opbau a Funktiounsweis vum InternetVernetzungComputere loosse sech zu Netzwierker zesummeschléissen. Esou Netzer sinn ënner anerem:
Dës Netzwierker ginn no hirer raimlecher Ausdehnung klassifizéiert:
Gi verschidden Netzer zesummegeschalt, esou entsteet een Internet. Zesummeschalte vun Netzer weltwäit bezeechent een dann als d'Internet. Dës Zesummeschaltung geschitt iwwert Vermëttelungscomputeren oder Routere genannt. Si hunn un Hand vun enger eendeiteger Adress ze decidéieren iwwert wat fir ee Wee eng Noriicht weidergeleet gëtt. PakvermëttelungAllgemeng gëtt eng Noriicht a Päck vun enger bestëmmte Gréisst opgedeelt (Fragmentéierung), déi dann eenzel an onofhängeg vun eneen iwwert d'Netz transportéiert ginn. Dobäi kënnen dës Päck iwwer ganz verschidde Weeër zum Destinataire geroden, deen dann Noriicht nees muss zesumme setzen. Sou huet all Benotzer ee gläichfairen Zougrëff op d'Netz an d'ass eng héich Ausfallsécherheet garantéiert. Duerch d'Verschécke vu klenge Päck kënnen Iwwerdroungsfeeler séier erkannt ginn a bei Bedarf musse just déi feelerhaft Päck nei verschéckt ginn. InternetworkingDéi héich komplizéiert Technologie, déi et fäerdeg bréngt fir déi verschiddenst Hardware-Technologië a Prinzipie mateneen ze verbannen, datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn, gëtt als Internetworking bezeechent a baséiert op enger Rei vu Kommunikatiounsprotokollen. Dës Protokoller bauen op enger Partie vu streng festgeluegte Regelen op a ginn no engem Schichtemodell kassifizéiert. All Schicht aus dësem Modell adresséiert e bestëmmtent Deelproblem vun der Kommunikatioun. Am Internet schwätzt ee vum TCP/IP-Protokollstapel. E puer Internetservicer
Literatur
Questions for article: lịch sử internet, lịch sử internet viet nam, lịch sử internet việt nam, lịch sử internet viet nam, lịch sử internet việt nam, lich su internet viet nam, lich su internet, a utilizao tica das novas tecnologias de informao na sala de aula tica tica, adsl2 radsl, alnet rendszer, alpabeto noong 1983 |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net