Internetforum

Article on other languages:

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire

En Internetforum as eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren. Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten. Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Bäiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mee se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtëschte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.

Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:

  • Diskussiounsforum,
  • Forum,
  • Board,
  • Bulletin Board,
  • Online/Webforum.

Inhaltsverzeechnis

Opbau

An der Regel huet esou een Internetforum e bestëmmtent Thema an ass an der Struktur a Kategorien resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.

Bannent de Kategorien kann de Benotzer dann en Thema (Topic, Thread) wat e wëllt opman, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshin kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Bäiträg an engem Internetforum nennt een och nach "postings" (pl. Bäitrag) oder "replies" (pl.: Äntwert)

Duerstellungsmethoden

Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun ginn et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Thema unzeweisen:

  • Threaded View: Bei dësem System ginn déi eenzel Bäiträg a Form vun engem Bam duergestallt. Et entsteht esou eng hierarchësch Struktuer, duerch déi een erkennt, wat fir een Bäitrag als Äntwert op wat fir een anere Bäitrag erstallt gouf.
  • Flat Style oder Linear Mode: Dëse System weist all d'Bäiträg an engem Thema a chonologescher Reiefolleg un.
  • Hybrid View: Eng Mëschung vun deenen anere Systemer.

Hierarchie

En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Interetforum ginn et op d'mannst dës "Zorte" vu Benotzer:

  • Administrator: meeschtens de Grënner vum Forum an och meeschtens Webmaster, huet Zougrëff op den Admin Control Panel, Datebank, Server, etc.
  • Moderatoren: si këmmere sech ëm déi méi alldeeglech Aufgaben am Forum wéi z.B. datt net géint forumsintern Regele verstouss gëtt.
  • Benotzer: Normal Membere vum Forum.

Internetforen zu Lëtzebuerg

Kuckt dozou d'Lëscht vu Lëtzebuerger Internetforen.

Linken

Kuckt och

Um Spaweck

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.


Giant Panda

Mercedes Car
James Bond Guide
This site monitored by SitePinger.net