|
Article on other languages:
|
New York ass mat méi wéi 8 Milliounen Awunner bevëlkerungsméisseg déi gréisste Stad vun de Vereenegte Staaten. Fir se vum Bundesstaat New York, zu deem si gehéiert, z'ënnerscheeden, gëtt se New York City genannt. Hiert Gebitt vun 800,31 Quadratkilometer begräift déi fënnef Stadbezierker (boroughs) Manhattan, The Bronx, Brooklyn, Queens a Staaten Island. D' Metropolregioun New York ass matt 22.313.756 Awunner op 27.084 Quadratkilometer (Stand: 1. Januar 2005) ee vun de wichtegsten bedeitende Wirtschaftsraim vun der Welt. D'Stad huet vill kuckeswäert Plazen a Gebaier, 500 Gallerien, ronn 150 Muséeën, méi wéi 100 Theateren, an eppes wéi 17.000 Restauranten. Si gëtt als eng vun de gréissten Handelsplaze vun der Welt betruecht an ass de Sëtz vu villen internationale Konzernen an internationalen Organisatiounen, wéi d'Vereent Natiounen. Si huet e groussen Hafen a genéisst Weltruff als Stad vun der Konscht an der Kultur.
GeographieAndeelungenD'Stad ass a fënnef Stadbezierker agedeelt: Manhattan, Brooklyn, Queens, Bronx, Staten Island.
Déi 5 boroughs vun New York:
(1) Manhattan, (2) Brooklyn, (3) Queens, (4) The Bronx, (5) Staten Island Manhattan (New York County) huet 1.564.798 Anwunner an eng Landfläch vun 59,5 km². D'Gemeng besteet haaptsächlch aus der Insel Manhattan Island( déi vum Hudson River am Westen, vum East River am Osten und vum Harlem River am Nordosten ëmfloss gëtt ), wéi och kleng Inselen, Roosevelt Island, Belmont Island, Governors Island, an engem klenge Stéck Festland, Marble Hill. Marble Hill war bis zum Bau vun dem Harlem River Ship Canal am 19. Joerhonnert en Deel vu Manhattan Island. Brooklyn (Kings County) huet 2.472.523 Awunner an ass domat déi meeschtbevëlkert Gemeng an New York. Si läit am Südosten vun der Stad, um westlechen Enn vu Long Island an huet eng Fläch vun 182,9 km². De Staddeel Brooklyn ass no der hollänescher Stad Breukelen genannt a gouf 1898 bei New York City agemengt. Queens (Queens County) huet 2.225.486 Awunner an huet eng Fläch vun 282,9 km², den 5t greissten Staatdeel vun New York. Et leit an Westen vun der Insel Long Island. Queens geuf um 1. November 1683 gegrend, wei d'Kolonie New York an Countryen angedeelt geuf. 1898 geuf desen Staatdeel zu New York angemengt. Ennertanerem leien hei dei 2 greissten Airporten vun New York, den John F. Kennedy International Airport an den LaGuardia Airport. Bronx (Bronx County) huet 1.363.198 Anwunner an huet en Ausdehnung vun 108,9 km². Dei freier egenstänech Staat ass seit dem 1. Januar 1874 dei nördlechst Gemeng vun New York. Bronx geuf nom Jonas Bronck, engem aus dem hautechen Schweden Auswandereran dem eischten Siedler an desem Gebiet benannt. Brony ass den eenzechen Deel vun New York den um Festland leit. Staten Island(Richmond County) huet 459.737 Anwunner an huet eng Landfläch vun 151,5 km².Et leit an südwesten vun der Insel Manhattan an westlech vun Brooklyn. D'Insel ass mat Brooklyn iwwert d'zollpflichtech Verrazano-Narrows-Brücke verbonnen. Am Norden ass d'Insel durch den schmuelen Arthur Kill und den Kill van Kull vum Bundesstaat New Jersey getrennt. Den heischtesten Punkt op der Insel ass den Todt Hill an ass och zugleich den hechsten Punkt an ganz New York. KlimaD'Staat leit an der gemäßecheter Klimazon. D'Wierder get immens vun den kontinentalen Landmassen am Westen beanflosst. Am Summer ass allgemeng tropech warm an den Wanter kaal. D'Temperatur get am Juli an August oft iwert 30 °C, dozeu kennt eng heich Loftfiichtechkeet mat oft heftechem Reen an oft och Geweirder, dei d 'Summerwierder oft gaz onangenehm maachen. Am Januar kennen D Werter op bis zu -20 °C faalen, weubei et oft zimlech sonnech ass. Heinsdo brengt Mieresloft (the Northeasters – den Nordostwand) Fiichtechkeet vum Atlantechen Ozean mat ,seu wei och staarken Wand an heftegen Reen an Schnei. Dei durchschnettlech Jorestemperatur leit bei 12.5 °C an der der durchschnettlech Reenmeng leit bei 1.071 Millimeter. Den wärmesten Mount am Joer ass den Juni mat durchschnettlech 24,7 °C and en kältesten ass den Januar mat durchschnetlechen -0.4 °C. Deen meeshcten Reen fällt am Juli mat 104 mm am Durchschnett an den mat dem mannsten Reen ass den Januar mat 81 mm am Durchschnett. Dei je heischtsten gemessen Temperatur leit bei 41 °C an dei deifsten leit bei -26 °C. D'Waasertemperaturen un der NewYork-Küst schwankt teschent durchschnettelch bei 3 °C an 23 °C. GeschichtEconomieKuckeswäertesLinkenKuckt ochUm Spaweck |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net