|
D'Planzeräich oder Plantae, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun de Planzen ass d'Botanik. Viru méi wéi 400 Millioune Joer huet sech d'Flora entwéckelt. Si erniert d´Welt. D'Planze sinn d´Primärproduzente vun der Biosphär. Si wandelen d´Liicht vun der Sonn an eege Kierpersubstanz ëm a bilden domatter d´Ernierungsgrondlag fir Déieren, Pilzer a vill Mikroorganismen.
Opbau a FunktiounenEt existéiert eng grouss Terminologie fir d´Planzen an alle Variatiounen ze beschreiwen. Dofir hei nëmmen dat Wichtegst. Eng typesch Bléieplanz besteet aus enger Wuerzel, engem Stamm oder Stil, Blieder a Bléien, wourauser och deelweis Friichte kënnen entstoen. Donieft ginn et nach d´Hoer, d´Stachelen an d´Daren. D'Wuerzele vun de Planzen hu sech entwéckelt, well si op d'Waasser an d'Mineralstoffer aus dem Buedem ugewise waren. Di Stoffer déi si doduerch opgeholl hu sinn iwwert speziell Réiercher an den ieweschten Deel vun de Planze weidergeleet ginn. De Still ass ass dofir do fir d'Blieder ze halen, déi d'Energie vun der Luucht afänken, aus der Loft Kuelendioxid ophuelen a Waasser a Sauerstoff ofginn. Eng zweet Aufgab vun de Wuerzelen ass et d'Planz am Buedem festzehalen. SystematikBis 2004 ware ronn 287.650 Planzen identifizéiert. D'Wëssenschaftler ginn dervun aus datt et der bis 350.000 kéinte ginn.Et kann en se an 12 Ofdeelungen trennen. Néng dovunner gehéieren zu den Algen. Déi aner dräi bilden zesummen déi gréng Landplanzen, déi, vum Moos ofgesinn, Odere fir de Waassertransport hunn, an dofir vum Buedem ewech no uewe wuesse kënnen. Planzeräich
LinkenKuckt ochUm Spaweck
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.
Mercedes Car
This site monitored by SitePinger.net